{"id":1672,"date":"2024-06-10T14:27:05","date_gmt":"2024-06-10T12:27:05","guid":{"rendered":"https:\/\/www.simple.lu\/2009\/?p=1672"},"modified":"2024-06-10T14:27:06","modified_gmt":"2024-06-10T12:27:06","slug":"edutrends2024-impulsried","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/www.simple.lu\/2009\/2024\/06\/10\/edutrends2024-impulsried\/","title":{"rendered":"EduTrends2024 Impulsried"},"content":{"rendered":"\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Am Kader vun der 2: Editioun vun der EduTrends Konferenz hat ech d\u2019\u00c9ier eng Impulsried ze halen:<\/p>\n\n\n\n<blockquote class=\"wp-block-quote is-layout-flow wp-block-quote-is-layout-flow\">\n<p class=\"wp-block-paragraph\">D\u2019Digitalis\u00e9ierung ass ee Mega-Trend an eisem Liewen. Et k\u00ebnnt ee kaum dr\u00ebm r\u00ebm z\u2019erkennen, datt villes, wat mir am Alldag maachen, ver\u00e4nnert gouf duerch digital Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien. Innovatiounsfuerscher schw\u00e4tzen hei souguer vun Disruptioun, well net just dat Alt verbessert gouf, mee well eppes ganz Neies entstanen ass, wat ganz anescht funktionn\u00e9iert.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Och an der Educatioun g\u00ebtt sech s\u00e4it Joren mat der Digitalis\u00e9ierung besch\u00e4ftegt. Ech gi selwer s\u00e4it bal 20 Joer der Fro no w\u00e9i mer digital Medie strategesch an den Unterrecht integr\u00e9iere k\u00ebnnen, w\u00e9i mer mat digitale Medien d\u2019L\u00e9ieren \u00ebnnerst\u00ebtze k\u00ebnnen.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">\u00cbmmer r\u00ebm dr\u00e4ngt sech dann d\u2019Fro op w\u00e9i mer dat gew\u00ebnnbr\u00e9ngend maache k\u00ebnne, fir datt et \u201ceppes br\u00e9ngt\u201d. \u201cWat ass Plus-value vun digitale Medien fir d\u2019L\u00e9ieren?\u201d h\u00e9iert een oft. An et g\u00ebtt \u00ebmmer nees St\u00ebmmen d\u00e9i bezweifelen, datt den Asaz vun digitale Medien an der Schoul \u201cgutt fir d\u2019L\u00e9ieren\u201d ass\u2026<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Natierlech kann een dorobber \u00e4ntweren, datt et \u00ebmmer dovunner ofh\u00e4nkt ob een se \u201crichteg\u201d asetzt\u2026 Wann ech net weess w\u00e9i ech een Tool s\u00ebnnvoll benotze kann, da l\u00e4it et net um Tool&nbsp;<em>per se<\/em>&nbsp;wann ech net d\u00e9i gew\u00ebnschten Effekter domadder erreechen, well ech e jo falsch asetzen.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Wa mer eis awer d\u2019Fro stelle, w\u00e9i mer digital Medien \u201crichteg\u201d fir Bildungszwecker asetze k\u00ebnnen a sollen, da geet et net duer fir ze w\u00ebsse w\u00e9i mer d\u00e9i Toolen richteg handhabe k\u00ebnnen\u2026 da musse mer eis vill m\u00e9i fundamental der Fro stellen w\u00e9i d\u00e9i digital Medien eist Verst\u00e4ndnis vu W\u00ebssen, L\u00e9ieren an iwwerhaapt vu Bildung ver\u00e4nnert hunn \u2013 oder sollten hunn\u2026<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Genau sou w\u00e9i virun circa 4000 Joren d\u2019Erfindung vun der Schr\u00ebftsprooch eis Virfaren dozou bruecht huet fir \u201cgebilt sinn\u201d enk mam Medium Schr\u00ebft ze verbannen a se dozou bruecht huet fir d\u00e9i \u00e9ischt Schoulen z\u2019entw\u00e9ckelen, musse mer eis haut d\u2019Fro stellen, wann et em Bildung geet, aw\u00e9iw\u00e4it digital Medien an Technologien m\u00e9i si w\u00e9i neutral an austauschbar Toolen.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Wee behaapt, datt et keen \u00cbnnerscheed m\u00ebscht op ech een Text mam Hummer a mam Meessel, mat enger Fieder, mat enger mechanescher Schreifmaschinne oder mat engem Textveraarbechtungsprogramm um Computer verfaassen, deen huet ni wierklech d\u00e9i verschidde Medien an Toolen ausprob\u00e9iert.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">De Medium m\u00ebscht eppes mat eisem Denken. E m\u00ebscht eppes mat eiser Kultur a mat eisem Verst\u00e4ndnis vu W\u00ebsse. E ver\u00e4nnert och w\u00e9i W\u00ebssen entsteet, w\u00e9i et festgehale g\u00ebtt, w\u00e9i mer et weiderginn\u2026 Wann Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien n\u00ebt esou inherent eppes mat W\u00ebssen a Bildung ze dinn h\u00e4tten, da k\u00e9int ee jo nach denken se w\u00e4ren neutral an austauschbar.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Mee, well Medien \u00ebmmer schonn enk verkn\u00ebppt ware mat W\u00ebsse schafen, W\u00ebsse festhalen, W\u00ebssen deelen an u W\u00ebsse kommen, kuerz mat Kultur a Bildung, komme mer an der Schoul kaum dr\u00ebm r\u00ebm fir eis der Fro ze stellen aw\u00e9iw\u00e4it d\u00e9i digital Medien eis Kultur, notamment eise \u201cRapport au Savoir\u201d, gronds\u00e4tzlech ver\u00e4nnert hunn, a wat dat dann gronds\u00e4tzlech fir Bildungsprozesser bedeit\u2026<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Ech f\u00e4erten et geet dofir net duer fir sech d\u2019Fro ze stelle w\u00e9i mer digital Medien an de bestoenden Unterrecht integr\u00e9iere kennen \u2013 St\u00e9chwuert \u201cdigitalis\u00e9ieren\u201d: vum Analogen zum Digitalen.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Et stellt sech dofir, a mengen An, manner d\u2019Fro w\u00e9i mer digital Ger\u00e4ter an d\u2019Schoule kr\u00e9ien\u2026 a w\u00e9i mer domadder bestoend Praktike verbesseren\u2026<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Mee mer mussen eis d\u2019Fro stellen w\u00e9i eis Schoulen der omnipr\u00e4senter Kultur vun der Digitalit\u00e9it gerecht k\u00ebnne ginn\u2026 Dat ass d\u00e9i grouss Erausfuerderung vun eiser Z\u00e4it\u2026 fir datt eis Schoulen d\u00e9i Jonk drop virbereeden sech an d\u00e4r Kultur er\u00ebmzefannen an d\u00e4r si lo scho liewen an an Zukunft liewe w\u00e4erten\u2026<\/p>\n<\/blockquote>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Am Kader vun der 2: Editioun vun der EduTrends Konferenz hat ech d\u2019\u00c9ier eng Impulsried ze halen: D\u2019Digitalis\u00e9ierung ass ee Mega-Trend an eisem Liewen. Et k\u00ebnnt ee kaum dr\u00ebm r\u00ebm z\u2019erkennen, datt villes, wat mir am Alldag maachen, ver\u00e4nnert gouf duerch digital Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien. Innovatiounsfuerscher schw\u00e4tzen hei souguer vun&hellip;<\/p>\n","protected":false},"author":2,"featured_media":0,"comment_status":"open","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"footnotes":"","_links_to":"","_links_to_target":""},"categories":[13],"tags":[],"class_list":["post-1672","post","type-post","status-publish","format-standard","hentry","category-blog"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.simple.lu\/2009\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1672","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.simple.lu\/2009\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.simple.lu\/2009\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.simple.lu\/2009\/wp-json\/wp\/v2\/users\/2"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.simple.lu\/2009\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=1672"}],"version-history":[{"count":1,"href":"https:\/\/www.simple.lu\/2009\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1672\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1673,"href":"https:\/\/www.simple.lu\/2009\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1672\/revisions\/1673"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.simple.lu\/2009\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=1672"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.simple.lu\/2009\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=1672"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.simple.lu\/2009\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=1672"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}