Meng Äntwert op “vb 118: A. Lulling mat Reaktioun op Uni Lëtzbg (Kies) a Mme Rachida Dati (25-09-09)”

My comments to Madame Astrid Lulling’s Video Blog 118:

Dat kann an därf een als chercheur net einfach onkommentéiert loosen… an dofir hun ech och der Madame Lulling meng Meenung geschriwen… d’ailleurs den Titel vun hierer Sendung ass misleading… si gréift d’Uni.lu guer net un, mee ee Fuerscher an dann och nach am selweschten Otemzuch d’lëtzebuerger Medienlandschaft… majo Bravo!!! gudd geschafft a punkto DEMAGOGIE… mee waat well ee vun engem Politker mei oder aaneres erwaarden… that’s their business…

Och ee Chercheur kann sech ieren… a mir kënnen an därfen a sollen dat och kënnen zougin!

Gudd dass mir (ech sin och ee Chercheur, mee net am politeschen Domain) kennen zougin, dass mir systematesch a methodesch kloer definéiert vir gin bei eiser Fuerschung, an eben grad probéieren NET tendenziös virzegoen wei dat ee Journalist dat oft mescht an och maache soll (de Journalist huet jo schliesslech ee Chefredakteur hannert u viru sech, deen eng gewëssen Ideologie huet)… Wéi dir et selwer och korrekt analyséiert huet…

Wëssenschaftler sinn awer keng Journalisten!!! Deen Ennerscheed schéngt dir nët verstaanen ze hun oder dir stellt daat einfach FALSCH duer!!! an deem der dei zwee Beruffer mateneen vermescht duerstellt. Den Herr Kies huet nët gesoet aer Säit géif et nët gin… sondern dass se net an eng streng, am viraus defineiert (!), Definitioun vun enger “Politesch Kampagne” Websäit passt…

ee gudde Wessenschaftler, an ech gin dovuner aus (jusqu’à preuve du contraire!), dass de Monsieur Kies an déi Kategorie gehéiert, kann seng FUERSCHUNG upassen fir sou “Feeler” ze behierwen…

De Forschrett an der Wessenschaft besteet justement doranner “Feeler vu Fréier”, oder Falsch Modeller ze revidéieren an se BESSER ze maachen. PERFEKT wärten se dofir awer nie sin oder gin… Mir hun och nët de Usproch fir d’Welt sou ofzebilden wéi se ass… well mir wessen entretemps, dass mer daat net kennen… nous savons que nous ne savons pas tout… et que nous ne saurons pas tout… Mir sin doranner als Wëssenschaftler zimlech beschéiden, och wann de Mann oder Fra vun der Strooss dat net iwert ons dénkt 🙂

A waat ass schons d’Wouereg! Dat gët et nët an der Wessenschaft, mee juest an der Relioun an an der Politk! 🙂 FAKTEN sinn emmer konstrueiert!!! Mee vun Wëssenschaft a Fuerschung schengt dir leider keng oder net genug Ahnung ze hun…

à propos Sachlechkeet: Mat allem néidegen Respekt fir är Persoun an är Arbescht, géif ech iech bieden selwer mol an dëser Saach iech berooden ze loosen wat Wëssenschaftler sou schaffen, wéi se schaffen a wéi se publizéieren… ier der se rem mat tendenziösen Journalisten verwieselt an an een Dëppen gehéit… Ech muss d’ailleurs op dëser Plaatz och soen, dass et nët nemmen tendenziös Journalisten gin, ech ech géif mir och méi wënschen, dass et zu Lëtzebuerg méi der nët-tendenziöser Journalisten géif gin… doranner si mir eis, mengen ech, eenz…

dorwier raus fannen ech dat immens, dass dir Madame Lulling eng perséinlech Websäit huet an och dei notzt fir är (politesch) Meenungen un de Mann an un d’Fra ze brengen! och wann ech déi net onbedengt emmer mat iech deelen… 🙂 dat muss engem jo an enger Demokratie erlaabt sinn… Mee ech denken, dass är Initiativen ee richteg Schrëtt an déi richteg Richtung sinn, fir d’Politiker méi no un de Bierger ze bréngen an dofir ze suergen, dass zu Lëtzebuerg eng konstruktiv an informéiert politesch Sträitkultur entsteet…

an deem Sënn… ech stréiden gär, an engem konstruktiven Dialog a schécken iech dofir meng béscht Gréiss,

Bob Reuter

Zu menger Persoun: ech sin e.a. Dozent fir “Erzéihungswëssenschaftlëch Fuerschung” op der Universitéit Lëtzebuerg, (FLSHASE, EMACS)